Mäi Blog ass ab elo ënnert blog.wenkin.lu ze fannen.
Ech plënneren.
Sunday 03. May 2009lol wtf a.s.w.
Thursday 30. April 2009Déi meescht vun iech wäerten se wuel benotzen, déi praktesch, awer heiansdo zimlech onverständlech Ofkierzungen à la “lol” “wtf” “dK” …
Dass een do raus kann e Lidd maachen huet den Jasper virun engem Joer mat sengem HDL-Song bewisen:
Lo huet (endlech) de Sprong gewot an eng CD opgeholl. Ze fannen ass déi op senger neier Homepage
Dem Jasper säin Youtube-Channel
Dem Jasper seng Homepage
Dem Jasper säin MySpace
Ironie vum Schicksal
Wednesday 29. April 2009Oder wéi nennt een dat, wann engem beim knaen vun Zännpfleegeknätsch en Stéck vum Zant ofbrécht?
An nee, ier lo en Vermutungen ustellt; de Knätsch leeft eréischt dat nächst Joer of.
Den neien Windows spellchecker géint den spellchecker.lu
Monday 27. April 2009Ech hunn mer geduecht wéi kann een am beschten d’Fähegkeeten(Fir- an Nodeeler) vun engem Service testen.
Ech sin zum Schluss komm, dass dat am beschten geet an deems een zwee ähnlech Servicen géint en een untrieden léist.
Op der enger Säit ass dëst den Spellchecker den elo nei fir Windows Office erauskomm ass.
Op der anerer Säit d’Online Versioun vum Spellchecker.lu ( online well ech keen OpenOffice hunn, an also d’Eifeler Regel net keint testen).
Als Test Objekt huelen ech den (normalerweis) schon korrigéierten Text vun der RTL-Dictée vun 2008
Als éischt den Text sou wéi ech en vum RTL Site hunn:
Sport ass kee SpaassSechsanzwanzeg Stonnen ouni Ënnerbriechung am Suedel, et ass scho bal animalesch, wat eise Vëlosathlet haut erëm opzeweisen huet.Schonn am éischte Bierg hat de Jängi Pedalo d’Zong esou déif um Giddong (Guidon) hänken, datt den Dokter vum Tour em ambulant e Stéck ewechgeschnidden huet, ier en dermat an d’Speeche komm wier.Um éischte Ravitaillement, no sechshonnertfënnefanzwanzeg haarden a battere Kilometer, hëlt e(n) sech e frëscht Häerz a spullt et mat engem Liter Ochseblutt, gesponsert vum Metzleschverband, erof.Do geet de Jängi eréischt richteg lass. Déi éischt Kéier am Buerschenter geschnidden, datt d’Saaft am Stroossegruef zesummeleeft, an déi zweet geschnëppelt, datt d’Fatze vu(n) senge Muskelwueden de Leit ëm d’Ouere fléien.E struewelt ewéi en Zombi, e raumt onheemlech of. Een Trapp verluere Schof, zwéi läfeg Hënn, e gackeregen Héngerjuck mat dräi Dose frësche Pëlleneeër, eng Spillschoulsklass mat hirer Joffer an de Fändelcher mam « Roude Léiw huel se ! », ginn d’Affer vu senger onbeschreiflecher Performance.Am leschte gëftege Stouss virun der Arrivée, no aachthonnertdräiavéierzeg Kilometer Géigewand, léisst e(n) seng Coequipieren einfach stoen, reit eng Attack (Attaque) aus der zweeter Rei, rappt e Lach vu fënnefhonnert Meter an de Plottong (Peloton), schéisst ewéi eng gepimpte Rakéit aus dem Schiet vun der Ambulanz eraus, a péilt seng ausgepowert Konkurrenten onbarmhäerzeg un de Macadam.Ausgebrannt ewéi en huele Päifekapp schleeft e(n) sech iwwer(t) de wäisse Stréch, fiert aus der sonneverbrannter Haut, hëlt seng zerschannte Been an de Grapp, a krécht um Bauch an d’Duschen.Respekt virun der Leeschtung vum Iwwermënsch, awer och virun den Affer, déi säi bluddege Wee op de Podium och haut erëm virgezeechent hunn.
Den Text stamt aus der Fieder vum Jemp Schuster.
De Windows Office Spellchecker meckert bei folgenden Wierder:
- Wuert aus dem Text –> Ugebueden Verbesserung ( wann méi wéi eng, déi logeschst)
- Ënnerbriechung –> Ennerbriechung
- Vëlosathlet –> Vëlo Athlet
- Jängi –> Jangi
- d’Zong –> d’ Zong
- Giddong –> Guidon
- ewechgeschnidden –> ewech geschnidden
- d’Speeche –> keng Virschléi
- Ravitaillement –> keng Virschléi
- sechshonnertfënnefanzwanzeg–> sechs honnertfënnefanzwanzeg
- Ochseblutt –> Ochse Blutt
- Metzleschverband –> keng Virschléi
- d’Saaft –> d’ Saaft
- d’Fatze –> d’ Fatze
- Muskelwueden –> Muskel Wueden
- d’Ouere –> d’ Ouere
- Zombi –> Zamba
- läfeg –> leefeg
- gackeregen –> lackelegen
- Pëlleneeër –> Pëllen Eeër
- d’Affer –> d’ Affer
- aachthonnertdräiavéierzeg –> aacht honnertdräiavéierzeg
- Géigewand –> Géi gewand
- Coequipieren –> Calquéieren
- Attaque –> Matraque
- fënnefhonnert –> Fënnefhonnert
- Plottong –> Ploton
- gepimpte –> geimpfte
- péilt –> peilt
- ausgepowert –> ausgefouert
- onbarmhäerzeg –> onbaarmhärzeg onbaarmhäerzeg (klengen Tippfeeler)
- sonneverbrannter –> Sonne verbrannter
- zerschannte –> zerschante
- krécht –> kraucht
- d’Duschen –> d’ Duschen
Den Spellchecker.lu meckert bei folgenden Wierder:
- Wuert aus dem Text –> Ugebueden Verbesserung ( wann méi wéi eng, déi logeschst)
- Vëlosathlet –> Vëlosartist
- Jängi –> Jangi
- Pedalo –>Pedall
- Giddong –>Guidon
- em –>ëm
- dermat –>Demokrat
- Speeche –>Speechel
- Ochseblutt –>Ochseréck
- gesponsort –>gesprënselt
- Metzleschverband –>Metzleschrayon
- Buerschenter –> Buurschenter
- Saaft –>Schaaft
- Stroossegruef –>Stroossekrees
- Muskelwueden –>Muskelen
- Zombi –>Kombi
- Trapp –>Trupp
- zwéi –>wéi
- läfeg –>leefeg
- gackeregen –>gackeren
- Héngerjuck –>Héngerstall
- Pëlleneeër –>Pëlleverkeefer
- aachthonnertdräiavéierzeg –>Dausendvéierhonnertvéierzeg
- Géigewand –>Géigewaart
- Coéquipieren –>Equipieren
- Plottong –>Plaffong
- Peloton –>Paltong
- gepimpte –>gepipte
- péilt –>päilt
- ausgepowert –>ausgepompelt
- onbarmhäerzeg –>onbaarmhäerzeg
- Macadam –>Macadamswee
- Päifekapp –>Päifenuergel
- sonneverbrannter –>verbrannter
- zerschannte –>zerschauter
- krécht –>kréicht
- Podium –>Podiumsdësch
Resumé:
Den Windows Spellchecker huet 34 an den Spellchekcer.lu huet 36 Feeler fonnt.
De Windows huet bei all “d’” gemeckert, eng Kannerkrankheet déi den Spellchecker.lu och eng Zäit hat.
De Windows Spellchecker mecker bei verschiddene Wierder, och wann e keen Virschlag zu Verfügung huet.
De Spellchecker.lu huet oft Problemer bei zesummegesatene Wierder.
Fazit: Den Windows Spellchecker huet manner richteg Wierder als falsch erkannt. Et muss een awer fir an säin Genoss ze kommen den Windows Office benotzen, den net bëlleg ass. Den Spellchecker.lu huet zwar méi Wierder als falsch erkannt, mee do géint ass hien gratis an léisst sech net nëmmen am OpenOffice, mee och an aneren Opensource Software benotzen. Well een souwisou all Spellchecker soll mat Virsiicht genéisen, ass den Spellchecker.lu weiderhin meng éischt Wiel. Dëst firun allem well ech 95% vun der Zäit wou ech lëtzebuergesch schreiwen dëst souwisou am Firefox oder Thunderbird maachen, an keng Loscht hunn mäin Text an de Word ze Kopéieren fir e verbessert ze kréien.
Windows Vista op lëtzebuergesch
Monday 27. April 2009Wéi ech haut gewuer gouf dass Windows eng lëtzebuergesch Versioun vum Vista rausbréngt, hunn ech mer déi mol direkt besuergt.
Meng éischt Andréck well ech iech hei mat deelen:
Als éischt sinn ech am Spiller Dossier hänken bliwwen.
Wierklech falsch ass hei nach näischt, ausser dass ech verschidden Iwwersetzungen zimlech onglécklech fannen
- FreeCell gëtt zum FräiFeld
- Minesweeper zum Minnewäscher
- Spider Solitaire zu Spanne Patience
Ok. Eppes besseres wéi Spanne Patience wier mir och net agefall, mee Minnewäscher ???
Éierlech. “Minne sichen” oder Minnen entschäerfen” hätt dach 100 mol besser geklongen.
An wat een sech ënner FräiFeld soll virstelle … ?
Iergend wann hunn ech mech dunn op d’Sich gemaach no enger
Méiglechkeet fir (de wou ech dat jee wéilt) rëm kennen op Englesch ëm ze klammen. An dobäi sinn ech am “Kontrollpanneau” gelant.
Och hei sinn déi meescht Saachen wuel rëm einfach blann iwwersat.
Ech froen mech just firwat net all déi Standard Windows Saachen ëmbenannt goufen.
“Windows Feiermauer” oder “Fënster Feiermauer” wieren dach flott gewiescht
Bis lo waren et éischter Dommheeten, iwwert déi een kann ewech gesinn, mee wat mech wierklech zum laache bruecht huet ass folgendes:
Wéi der Däiwel ass et méiglech fir een an der selwecht Wuert dräi verschidden
Schreifweisen ze benotzen. An déi dräi dann och nach direkt nieft, respektiv ënnerteneen?
Ëffentlech, ëffentlech, effentlech.
Ech wäert an den nächsten Deeg wuel och nach déi lëtzebuergesch Office Versioun an den Spellchecker testen. An wann ech weider lëschteg Saachen um Vista u sech fannen, wäert ech déi och zum Beschte ginn.
P.S.: Iergendwéi ginn ech net sou richteg eenz mam abauen vun Biller :-s
Méi dozou um Claude sengem Blog
Wou der Däiwel wäert den Dri sinn
Sunday 26. April 2009No deem ech op Youtube folgenden Video vum Matt fonnt hunn:
huet et eng länger Zäit a mir gebrodelt. Lescht Fréijoer hunn ech mer dunn eng Kamera kaf, mam Virsaz ënner anerem eng lëtzebuerger Versioun vum Matt sengem Video ze maachen. Leider hat ech esouvill aner Saachen am Kapp, dass näischt do raus ginn ass.
Fir dëse Summer hunn ech mer lo awer virgeholl et duerch ze zéien. Ech fueren op all méiglech Platzen an eisem schéine Ländchen an zappelen do Mattlike virun der Kamera. Am Moment sinn ech am Gaang eng Lëscht vun interessanten Platzen op ze stellen, déi an sou engem Video onbedéngt mussen dra sinn.
- D’Staumauer
- D’Kathedral
- D’Gëlle Fra
- De Palais
- D’Schlass zu Colmar
- D’Veianener Schlass
- D’Esch-Sauerer Buerg
- Den Napoleonsgaard ( héchsten Punkt vum Land)
- D’Léifrächen
- Déi dräi Dräilänner-ecken
- De Schiessentümpel
- D’Roud Bréck
- D’Philharmonie
- Patton Denkmal zu Ettelbréck
- ARCELOR-Gebai
En pregnanten Danz den ech als total onbeweglech Persoun zu Stand bréngen wäert wuel mäin gréissten Problem sinn.
Mee virun allem brauch ech nach méi der Platzen wou ech danzen kéint, also hoffen ech op är Mathëllef.
Wat d’Hannergrondmusek ugeet, do huelen ech wuel iergend een (oder méi) aalt lëtzebuerger Lidd.
Wann also lo een eng flott Platz weess oder mengt dat ideaalt Lidd ze kennen, dann sot mir et
DP, oder wéi een potenziel Wieler an den Doud schéckt
Friday 24. April 2009De Mëtten am Auto um Wee fir heem, sou géint 10 op 5 hunn ech een politeschen Message vun der demokratescher Partei héieren, bei dem ech nëmmen konnt mam Kapp rëselen
Sënngeméis huet do een gesot:
“Léif Leit beim Radio, maacht emol eng Kéier är An zou – wat gesitt dir? Schwaarz!”
Dat ganzt sollt eng Iwwerleedung zur Finanzkris sinn. Wat ech beängschtegend fannen ass d’Tatsaach dass ëm déi Auerzäit hallef Lëtzebuerg am Auto setzt. Maacht do mol eng Kéier kuerz d’An zou, matten am Beruffstrafik …
Ech gesinn schwaarz fir der DP hir potentiell Wieler
An iergend wéi huet et mech och guer net gewonnert dass et haut nach méi Problemer am Trafik goufen wéi soss
reCAPTCHA & I18n am PHP / Javascript
Tuesday 21. April 2009Fir déi, déi lo näischt verstinn erklären ech mol déi véier Wierder do.
PHP wäerten déi meescht wuel kennen, fir déi aner hunn ech et verlinkt.
Javascript wäerten déi meescht wuel och kennen, fir déi aner hunn ech och dat verlinkt.
I18n ass och een Wuert aus der Programmatioun, hannert dem sech de Versuch verstoppt een Programm oder eng Internetsäit sou opzebauen, dass een ouni groussen Opwand kann op eng aner Sprooch ëmklammen.
CAPTCHA sinn dann schlussendlech déi lëschteg verzerrten Biller déi een op ville Platzen am Internet begéint,wou een soll iergendwellech Buschtawen / Zuelen erausliesen. Dëst fir ze verhënneren dass Computerprogrammer automatesch verschidden Saachen ausféieren, well bis elo kennen nëmmen Mënschen dës Biller entzifferen.
Lo frot dir iech wat déi dräi Saachen mat en een ze dinn hunn.
Majo ganz einfach, ech hunn als Projet de Fin d’Étude eng Säit ze schreiwen wou ech ënner anerem CAPTCHA an I18n muss benotzen. An well ech fir d’Verbreedung vun der Lëtzebuerger Sprooch sinn well ech iech hei dat weisen wat ech am Zesummenhang mat dësen dräi Saachen zustan bruecht hunn. An der Hoffnung dass iergend en et gebrauche kann.
Als éischt stellen ech mol déi CAPTCHA Variant fir déi ech benotzen:
An zwar hunn ech mech fir reCAPTCHA entscheet, well den puer Virdeeler huet.

reCAPTCHA
- Et ginn net einfach zoufälleg Buschtawen / Zuelen Kombinatioune generéiert. Mee et ginn Extraiten aus digitaliséierten Bicher ugewisen. Déi souwisou missten entcode ginn. Sou mat mécht déi Persoun déi den CAPTCHA ausfëllt eppes fir d’Allgemengheet.
- Gett et eng zimlech einfach ze integréiernd API fir PHP, déi sech souwuel an der Fuerf wéi och an der Form un déi jeeweileg Säit upasse léist.
- Gëtt et eng I18n Funktioun wou e puer vun deenen meescht genotztenen Sproochen schon integréiert sinn, an anerer einfach bäi ze setzen sinn.
Eng I18n konform PHP Säit huet iergendwou eng Session Variabel wou déi aktuell Anzeigesprooch dra gespäichert gëtt. Alternativ kann een et och an der URL ( www.meng-sait.lu/en/index.php) uginn. Op alle Fall dierf et fir een halbwegs fäegen Programméierer net all ze schwéier sinn déi aktuell Sprooch eraus ze fannen.
Wann een dann e bëssi op der Säit vun reCAPTCHA sicht fënnt een Folgendes:
an mat e bëssi guddem Wellen hunn ech dat Folgend do raus gemaach:
<?php
...
require_once('recaptchalib.php');
$publickey = "...";
$privatekey = "...";
$resp = null;
$error = null;
...
?>
<script type= "text/javascript">
/*Fir eng wäiss Versioun vum plugin*/
theme: 'white',
/*Upassen vun der Sprooch un déi jeeweileg Anzeigesprooch*/
<?php
if($_SESSION['displaylang'] != 'LB'){
echo"lang:'".strtolower($_SESSION['displaylang'])."'";
}
else{
echo"custom_translations :{
visual_challenge : "Visuell Aufgab generéieren",
audio_challenge : "Audio-Aufgab generéieren",
refresh_btn : "Nei Aufgab generéieren",
instructions_visual : "Tipp dës zwee Wierder an:",
instructions_audio : "Tipp wat s' de héiers:",
help_btn : "Hëllef",
play_again : "Spill den Toun nach eng Kéier",
cant_hear_this : "Lued den Toun als MP3 erof",
incorrect_try_again : "Falsch. Probéier nach emol."
},";
}
?>
if(isset($_POST['submit'])){
if($resp->is_valid) {
...
}
else {
$error = $resp->error;
}
}
else{
recaptcha_get_html($publickey, $error)."
/* $l_post_submit ass an dessem Fall eng Variabel
dei jeenodem wéi eng Spooch gewielt gouf duerch
aner Valeuren ersat gëtt. "Androen", "Eintragen",
"Submit",...*/
<input type="submit" value="".$l_submit."" name="upload" />
}
...
</script>
Do raus ergëtt sech dann sou eppes:

reCAPTCHA_lb
Ech hoffen dass iergendeen dat hei gebrauchen konnt. Ech géif mech jiddefalls freeën wann der mir e klengen Kommentar hannerloosst wann der et benotzt
Ech hunn e Blog o.O
Tuesday 21. April 2009Wien hätt dat geduecht.
Den dri zwafft sech een Blog. Tjo et muss en halt mat der Zäit goen, oder hir hannendrun lafen ^^